An hierem klengen Atelier zu Suessem stellt d’Michèle Ludovicy an detailräicher Handaarbecht Glaspärelen hier. All Pärel gëtt eenzel virun der Flam geformt a mat Glasfiedem decoréiert oder iwwerfaangen, éiert si am Uewen ofgekillt gëtt. Mat Sëlwer kombinéiert ginn dës Pärelen dann zu Ouerréng, Ketten, oder Réng verschafft. Kreatioune fir Kanner oder besonnesch Evenementer ronnen hiert Schafen of.
www.verraille.lu
www.facebook.com/pages/Atelier-Verraille/451258768228042





